btb

Puppenheim

Endlech erëm e Buch mam Marnie – et ass den drëtten Deel, den éischten huet mir esou gutt gefall, dass ech net weess, firwat ech den zweeten verpasst hunn. D’Buch gëtt aus zwou Perspektive geschriwwen, eemol an dem Marnie senger an dann kritt een nach d’Siichtweis vun engem Meedchen ze gesinn. A London ginn vill jonk Frae vermësst. Sinn si fortgelaf? Oder goufen se entfouert? D’Polizisten ermëttelen e bemol wéinst engem Doudesfall. Ech hunn séier erausfonnt wien de Mäerder ass, et war awer spannend d’Marnie op sengem Wee dohinner ze begleeden.
Mam Prolog kann de Lieser bis zum Schluss net vill ufänken – en ass geheimnisvoll an dréit zur Léisung vum Rätsel bei. Dat huet natierlech virwëtzeg gemaach! Verschidden Kapitelen suergen dofir, dass een den Täter a säi Motiv souwéi d’Affer besser kenneléiert. A leider och versteet. Et ginn vill Charakteren – an och ofwiesselend Uertschaften. Wann een net konzentréiert bei der Saach ass, kann e schnell den Iwwerbléck verléieren. Mir gefält nach ëmmer ganz gutt ewéi d’Autorin d’Marnie gezeechent huet, hatt ass authentesch, zumools seng Réckblécker an d’Vergaangenheet suerge fir vill Ënnerhalung a maachen Loscht op méi. Gutt, et kann een d’Buch ouni Virkenntnisser liesen, ma dat mécht just hallef esou vill Spaass!

Kategorien:btb

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s