List!

Tante Frieda

Dës Krimien mat der Tatta Frieda sinn warscheinlech net fir jiddereen – eis Protagonistin huet well iwwer 80 Joer an ermëttelt hobbyméisseg. D’Tatta Frieda muss hier Nues iwwerall erastiechen. Si fënnt et zimmlech verdächteg, dass an der Ëmgéigend ëmmer méi Männer stierwen. Dat ass dach keen Zoufall, oder? Wat stécht dohannert? Well dat lescht Affer mat Drogen ze dinn hat, sicht d’Polizei an deem Milieu nom Täter, ma ass dat déi richteg Spuer? D’Tatta Frieda ass sech net sécher, zesummen mat hierer Niess fänkt si hier eegen Ermëttelungen un. Ass dat eng gutt Iddi? Et stécht nawell vill Humor tëscht den Säiten, d’Buch suergt fir vill Ënnerhalung.
Flott ass och, dass d’Tatta mech dach tatsächlech op déi falsch Spuer bruecht hunn – dat war originell. Mä fanne si de richtege Mäerder? Mir léieren och villes aus hierem Privatliewe kennen. An och d’Polizeiaarbecht gëtt ënnert d’Lupp geholl. D’Uertschaft ass atmosphäresch gutt beschriwwen, do géing ech mech och wuel fillen. Wann Dir wärend dem Liesen Honger kritt – hannen am Buch fanne sech lecker Rezepter, déi drop waarden ëmgesat ze ginn!

Ech si gespaant, wat d’Tatta Frieda nach erlieft, ech hunn nach zwee Bicher a mengem Regal stoen.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s