Penhaligon

Ein Junge, sein Hund und das Ende der Welt

Vir am Buch freet den Auteur d’Lieser, net ze vill iwwert d’Buch ze erzielen, jiddereen soll d’Rees mam Griz selwer maachen.
De Griz ass de Protagonist – nodeems ech d’Buch gelies hunn, kann ech him just zoustëmmen. D’Geschicht suergt nawell fir vill Iwweraschungen a stëmmt nodenklech. Hien lieft an enger Welt, ewéi mir se aus Dystopien gewinnt sinn. Et sinn bal keng Mënsche méi do, jiddereen ass sech selwer am nächsten. An awer dominéiert am Griz senger Famill an Heemecht d’Léift. Et ginn nëmmen nach déi Gesetzer, déi e sech selwer mécht. A fir de Griz gehéiert säin Hond Jess dozou – dëse gëtt geklaut an de couragéierte Protagonist wëll en nees erëmkréien. Mä dofir muss e sech an d’Welt eraus woen, mir begleeden hien dobäi.
Et ass e komescht Gefill wann hien vun der Vergaangenheet schwätzt, well et eis Géigewaart ass …
Ech war direkt an der Erzielung dran, d’Schreifweis vum Auteur huet mech faszinéiert. Mir spieren dem Griz seng Angscht, Hoffnung an ënnerlech Onrou esou däitlech ewéi wann en bei eis op der Fotell géing sëtzen. D’Roserei, d’Enttäuschung a säi feste Wëllen sinn genee esou gräifbar. Ech gouf vu senge Wierder an Handlungen gefesselt. Leider kënne mir d’Geschicht net beaflossen, ma mir kënnen awer fir de Griz do sinn, hien – an och aner Charakteren wuessen engem séier un d’Häerz! Et ass emotiounsräich an e Buch fir jiddereen ❤

Kategorien:Penhaligon

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s