Heyne

Leben

D’Buch Leben vum Uwe Laub stëmmt nodenklech – zemools an dëser Coronazäit. Gutt am Buch geet et ëm kee déidleche Virus, den Auteur stellt eis e schlëmmert Zenario vir. Warscheinlech kritt d’Buch grad wéinst eiser Pandemie esou vill Opmierksamkeet, mir sinn e bësse méi sensibel ginn, wat eise Planéit ubelaangt. Mä geet dat duer? Schonn eleng d’Buchcover weist dem Lieser, dass e keng einfach Kascht erwaarde soll, et ass eng Sandauer, déi eis ze verstoe gëtt, dass eis d’Zäit fortleeft. Lues awer sécher, si rënnt eis ewéi Sand duerch d’Fangeren a mir kënnen näischt drun änneren. An dat passéiert net nëmmen eis Mënschen, d’Liewe vu sämtleche Liewensaarte gëtt bedreet – sief dat am Buch oder an der Realitéit. Et ass eng batter Wourecht.
Et ass e Fakt, genee ewéi de Klimawandel, eisen onnëtzen an iwwerdriwwene Plastikkonsum an all déi aner onangeneem Themen iwwert déi kee wëll schwätzen. Soss misst en der Wourecht an d’A kucken.
Mysteriéis Doudesfäll an der Déierewelt erschrecken d’Mënschheet, et ass e Massestierwen. Et gëtt keng logesch Erklärung dofir, et stierwe vill Aarten aus, de stabille Kreeslaf vum Liewen ass a Gefor. An e bemol ginn et déi éischt Mënschenaffer ze bekloen, d’Krankheet verbreet sech ganz séier, et ass een néierens sécher. Et gëtt keng Heelung, si sinn all zum Dout verurteelt. Och de Fabian fillt sech krank, hie brécht op der Aarbecht zesummen. Säin Dokter muss e mat där schrecklecher Wourecht konfrontéieren. Am léifste géif hien opginn, ma esou einfach mécht hien dem Dout et net. Als Probant fir en experimentellt Medikament wëll hien der Fuerschung hëllefen. Mä huet dat e Wäert? An där Studie mécht de Fabian d’Bekanntschaft mam Mark Brenner. Si ginn Frënn, et ass awer kloer, dass de Mark eppes ze verstoppen huet. Wat weess e méi? A wat huet säi räiche Chef domat ze dinn? Et geet ëm Muecht a Korruptioun – Geld regéiert d’Welt!
D’Thematik ass wansinneg interessant, ma se mécht genee esou vill Angscht. D’Geschicht enthält e Koup Fakten déi der Wourecht entspriechen. Wat mécht de Mënsch mat der Äerd? Kann dëst Buch eis wakereg rëselen? Dës Zukunftsvisioun huet mech nawell uerg schockéiert. Wien kapituléiert? De Mënsch oder d’Natur? Kréien d’Protagonisten d’Kéier? A mir? Tick Tack, d’Zäit leeft, d’Course huet schonn ugefaangen, ma nach ass et net ze spéit. D’Nowierder an de Bicher liesen ech seelen, mä dëst däerf een op kee Fall verpassen – et stinn vill Informatiounen dran, déi eis hëllefe kéinten e bessert Versteesdemech ze hunn.
„Mit unserer Gier und unsere Dummheit werden wir uns eines Tages selbst ausrotten.“ Stephen Hawkins
Dëst Zitat, wat och am Buch ze fannen ass, trëfft den Nol op de Kapp. En erkläert dem Uwe Laub säin Thriller an engem eenzege Saz.
https://www.randomhouse.de/Verlag/Heyne/

Kategorien:Heyne

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s