BOD - Selbstverlag

Das Licht am Ende

Wow, ech hätt net geduecht, dass dës Geschicht mech esou mathëlt, ech hunn se an enger Nuecht duergelies! Ech konnt einfach net ophalen, ech géif souguer soen, dass et näischt fir schwaach Nerven ass. Et fillt e sech bedreet a kuckt dauernd iwwert d’Schëller. Souguer de Buchcover huet mech onwuel fille gelooss … Keng Anung wéini ech nees ouni Häerzklappen duerch e Bësch spadséiere kann.
D’Emotiounen déi d’Geschicht vermëttelen sinn nawell intensiv.
Frëndschaft, Roserei, Angscht – et ass vun allem dobäi.
D’Buch ass spannend, d’Gefor schläicht sech ganz lues un, et gesäit een se bal net kommen.

D’Autorin schreift iwwer Tabuthemen, d’Helena sicht Schutz viru sengem gewalttätegen Frënd.
Mä ob hatt sech déi richteg Plaz erausgesicht huet? Kann hatt viru sengen Dämonen fortlafen oder rennt hatt a säin Verdierwen? Och wann et d’Geschicht schonn an anere Bicher gëtt, dës Erliefnisser hutt Dir nach net erlieft! Et fillt sech real an authentesch un. A bemol kënnt et knëppeldéck, him gëtt bewosst, dass hatt nach a gréisserer Gefor ass.

De Schluss ass zimmlech ontypesch – a genee dat huet mir am beschte gefall. D’Beschreiwungen vun der Natur sinn impressionnant, ech war wierklech iwwerall; an der Hütt a beim Helena. Hunn Abléck a seng Gedanken a séilesch Qualen kritt. D’Geschicht geet méi déif ewéi e mengt, dat war eng Iwwerraschung. Et ass schwéier op déi richteg Spuer ze kommen. Leider kann ech näischt iwwert déi aner Protagonisten erzielen, ech wëll net spoileren.
De Message ass staark a straalt Hoffnung aus. Wann Dir dëst Buch net liest, verpasst Dir eppes!

Kategorien:BOD - Selbstverlag

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s