rororo

American Dirt

Phänomenal! Dat ass dat éischt wat mir zu dësem Buch afält, et ass mir ënnert d’Haut gaangen. Et rëselt wakereg. D’Lydia, eis Protagonistin huet alles verluer. Hatt huet keen Bicherbuttek a keen Mann méi, se sinn all fort. Vun engem Drogenkartell ermuerd, et war e Massaker. Just säin Jong ass him bliwwen. Si hunn iwwerlieft a probéieren elo an den Norden ze kommen. Hatt däerf de Jong net aus den Aen verléieren. Hatt huet Angscht, däerf se awer net weisen. D’Verzweiflung ass däitlech spierbar, souguer mir ass de Schweess ausgaangen. Seng Waff ass eng Machete, hatt huet kee Problem se anzesetzen. Fir a Sécherheet ze kommen, sprangen se op en Zuch, e gëtt La Bestia genannt. Ma hoffentlech verréit keen dem Drogeboss wou si sinn …
Et ass eng Rees voller Gefor a Léift!

Et gëtt vun Gewalt géint Fraen erzielt, an och wann et fiktiv ass, esou geet et bestëmmt an der Realitéit op Migranteweeër zou. Déi Situatiounen wëll keen vun eis erliewen. Dës Mënschen verloossen hier Heemecht net, well et spannend ass, nee si hunn keng aner Méiglechkeet. Just den Dout. Schumme solle mir eis, se sollten eis net esou egal sinn.
Liest dëst Buch a kuckt Iech dann Biller vu Flüchtlingen un – Dir wäert se mat ganz aneren Aen gesinn.
Et ass e vun de beschte Bicher, déi ech dëst Joer gelies hunn, ech war beandrockt! Respekt un d’Autorin, iwwert dëse Roman muss geschwat ginn.

Kategorien:rororo, rowohlt

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s