Carlsen

So viel Liebe

Dëst Kannerbuch huet mech fäerdeg gemaach! Ewéi geet een mat der Kriibsdiagnose vun der Mamm ëm? Mam Wëssen dass se stierft?
Wärend dem Liesen hunn ech gekrasch ewéi e klengt Kand, meng Mamm huet Longekriibs am Endstadion.

Am Ufank vun der Geschicht ginn mir gewuer, dass dem Lea seng Mamm stierwe wäert. Hatt erënnert sech un vill gutt Momenter, un d’Vergaangenheet. Und déi schlecht Momenter no der Chemotherapie, ewéi der Mamm d’Hoer ausgefall sinn.
Meng Mamm hëlt d’Niewewierkungen ouni Gejéimers a Kaf.
Et war mol eppes anescht d’Gedankewelt vun engem klengen Kand kennenzeléieren. Mat him ze hoffen. Hatt ass gefaangen tëscht der Roserei, dem Haass, der Verzweifelung, ma och vun der Léift. Genee ewéi ech. Hatt huet mäin Häerz beréiert. Eis Angscht d’Erënnerungen an hiert Ausgesinn ze vergiessen ass dauerpräsent. Mir sinn allen zwee rosen – rosen op d’Krankheet, rosen op gesond Mënschen, rosen iwwert Matgefill, rosen op d’Mamm a rosen iwwert eis Roserei. Wéi kann een Äddi soen? Fir e Kand steet d’Äntwert am Buch, ma ech weess et nach ëmmer net.

Et ass eng tréischtlech Geschicht a mécht Mutt! Eist d’Liewen an d’Zukunft mussen nach geschriwwen ginn.

Kategorien:Carlsen

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s