Piper

Eklipse

No enger laanger Rees kënnt d’Raumschëff Eklipse zeréck op d’Äerd. D’Welt huet sech verännert, bal all Mënschen sinn verschwonnen. Ausserdeem huet d’Besatzung e blanne Passagéier u Bord gehat – e Spike, eng geféierlech Liewensform vun der Galaxie. Si kann de Planéit an Zäit vun e puer Deeg infizéieren.
Elo mussen se erausfannen wéi d’Äerd ze retten ass a wat mat de Mënschen geschitt ass. Schlëmm ass, dass de Spike vum Schëff entkënnt, elo ass de Rescht vun der Mënschheet a Gefor. D’Buch huet allerlee Charakteren, si hunn all hiere Päckelchen ze droen, ech hat keen Favoritt, si waren einfach do. Et sinn kuerz Kapitelen, se liesen sech séier. Szenen am Raumschëff sinn relativ kleng gehalen, dat huet mer erspuert, mech mat der Technik vertraut ze maachen. Op der Äerd war vill méi lass. Hunn si nach genuch Zäit eppes géint de Spike ze ënnerhuelen? Oder verännert sech elo alles?

D’Buch ass bildgewalteg, mäi Kappkino huet mir grouss Freed gemaach, et kann een näischt géint d’Emotioune maachen. Flott, dass Science Fictioun och e grousse Batz Philosophie enthält!
Dem Andreas Brandhorst säin nächst Buch wäert ech och liesen …

Kategorien:Piper

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s