WESENsART

Ich kann sein, wer ich will

Dëst Buch huet e wichtege Message fir eis Kanner: Ech kann sinn, wien ech wëll! Et gëtt vill ze vill stereotypesch geduecht, ma dat muss endlech geännert ginn.
Et geet schonn bei der Kannererzéiung un, blo ass fir d’Jongen a rosa fir d’Meedercher. Si hunn hier eege Spillsaachen – Autoen, Baggeren oder Poppen a Schminkgedöns. Firwat kann dat net gemëscht ginn? D’Haaptsaach ass dach, dass d’Kand glécklech ass a sech fräi entfale kann. Si sollen wëssen, dass et egal ass, wat se berufflech wëlle ginn, ween se gären hunn an och dass d’Hautfaarf vun de Frënn egal ass. Hoffentlech ass mir dat gutt gelongen. Ech denken schonn. Mä leider leeën eis sougenannte Besserwësser dacks Steng an de Wee. Soubal de richtege Grondsteen geluecht ass, ass de Rescht vum Wee net méi sou schwéier. Déi kreativ Käpp vun WESENsART deelen dës Astellung a setzen sech fir déi Virstellung an. Mat dësem Buch ass hinnen e Schratt an déi richteg Richtung gelongen.
D’Themen ginn spilleresch am Molbuch vermëttelt, esou kënnen d’Kanner sech selwer besser kenneléieren.
Wien sinn ech? Wat mécht mech aus?
D’Autoren stelle Froen – an d’Kanner mussen d’Äntwert drop hunn – ewéi et fir si am beschten ass. Super!
Menger Meenung no ass et e wichtegt Buch, ech sinn vun dësem Projet begeeschtert.

Kategorien:WESENsART

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s