Elo gëtt et eppes Neies vum Charly an och dovunner si mir begeeschtert! Souguer d’Enveloppe ass schéi präsentabel. Et ass e Molset. An en ass mat vill Léift hiergestallt ginn, ewéi all hier Produiten.
D’Molbuch huet déi ënnerschiddlechst Lëtzebuerger Sehenswierdegkeeten am Buch, et ass scho bal ze schéi fir dran ze molen, mä Kreativitéit kennt keng Grenzen! Flott op dës Manéier ze léieren de Mudam, Dräi Eechelen d’Gëlle Fra, de Mëllerdall, Dierfer, Déieren a sou munches méi! Et ass voller Fantasie! Léierräich ass och, dass d’Molbuch zweesproocheg ass – op Lëtzebuergesch an op Englesch. Et ass eis ëmmer eng Freed mam Charly en Tuer duerch eist Land an d’Natur ze maachen. Och hei kann erëm matgerätselt ginn. Ganz praktesch ass, dass eng Schachtel a 24 flott Faarwen dobäi sinn, se sinn net toxesch a molen ganz gutt. E Spëtzer wär villäicht nach eng Iddi gewiescht, deen kënnt bestëmmt nach.
Bestelle kann en déi flott Saachen online oder iwwer Digicash. Kuckt Iech de Shop mol un – et sinn allerlee flott Saachen dran ze fannen, Plüschdéieren, Prabbelien, Rucksäck a ganz vill méi!
Déi léif Bëschdéieren hunn e Kaddo fir Iech – wann Dir de Rabattcode CharlyGeck agitt, kritt Dir eng Remise vun 3 Euro. Déi Coden sinn bis Enn Juni gëlteg. Vill Spaass beim Shoppen! A Merci Charly!
Kategorien:Luxemburgensia