Hanser

Es war die Nachtigall

D’Marie kënnt aus enger Famill, déi sech vegan ernäert a sech fir d’Ëmwelt an den Déiereschutz engagéiert. Hatt ass mat ganzem Häerzblutt dobäi. Als Aktivistin bei Greenpeace mécht hatt bei Aktioune mat, hatt huet och keng Angscht illegal Aktiounen ze starten.
De Ludwig kënnt aus enger Famill, déi gären op d’Juegd geet, zënter kuerzem huet hien de Juegdschäin. Hien respektéiert Déieren, e bréngt se net aus „Leidenschaft“ ëm, mä fir d’Natur ze schützen. Esou huet hien et geléiert. Däerf e Mënsch tatsächlech tëscht Liewen an Doud entscheeden? Bei engem Konzert zu Berlin léiert hien d’Marie kennen, si verstinn sech super. Trotz Virurteeler verbréngen si ëmmer méi Zäit zesummen an verléiwen sech aneneen. Ewéi de Romeo an d’Julia – ouni Aussiicht op eng gemeinsam Zukunft.
Et ass eng Libesgeschicht, de Prolog weist eis, dass et tragesch wäert ginn. Et geet net nëmmen ëm d’Léift, ma och ëm den Ëmweltschutz, Déierenhaltung, sozialt Engagement an Zukunftsängscht. Dës Themen beweegen eis all, vun dohier sollen och Erwuessener d’Buch liesen.
De Roman gëtt aus deenen zwou Perspektiven geschriwwen, esou léiert een déi ënnerscheedlechst Welten kennen an hiert Handelen novollzéien. Jiddereen kann sech eng eege Meenung bilden. An dat ass wichteg!

Kategorien:Hanser

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s