carl's books

Die letzten vier Tage des Paddy Buckley

Wann Dir et gäre makaber hutt – dann ass dëst Buch genee dat Richtegt fir Iech! De Paddy ass Bestatter. Hien ass fir seng Clienten do, nom Dout vu senger Fra lieft en nëmmen nach fir de Beruff. Hien ass ëmmer erreechbar an iwwerhëlt all Aarbecht. Ewéi eng Wittfra seng Zouwendung braucht, gëtt hien se natierlech, mä d’Madamm verscheed leider wärend dem Akt. Geschockt wéi en ass, fiert en een Tuer mam Auto an iwwerrennt e Foussgänger.
En huet keng Chance – den Doudegen ass de Brudder vum geféierlechsten Gangster vun Irland. Elo huet e vill um Hutt, zwou Läichen an e Begriefnis. De Paddy huet méi Gléck ewéi Verstand a muss oppassen sech net ze verroden. Soss muss en ëm säi Liewen fäerten. Och wa Muerd näischt fir ze laachen ass, d’Zeilen hunn mech dacks grinsen gedoen. Wéi vill Pech kann e Mënsch aleng hunn? De Protagonist passt einfach perfekt zum Buch, en hëlt et mat allen op, ma wär en dach nëmmen professionell bliwwen. D’Buch liest sech relativ séier, ma duerch de speziellen Humor ass et awer net jidderengem säi Genre. De Schluss ass villäicht e bëssen brutal, mä stéieren mécht dat keen. Et mierkt een, dass den Auteur aus enger Bestatterfamill kënnt, hien kennt sech gutt aus. E kann d’Virgäng gutt beschreiwen a wéi ee mat den Doudegen ëmgeet. Dës Erklärungen ginn net an d’Lächerlecht gezunn!

Wien wësse wëll, wat dem Paddy nach passéiert, soll dëse Roman liesen.

Kategorien:carl's books

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s