keiper

Wenn das Feuer ausgeht

De Lukas soll an e Summercamp, seng Mamm huet dat fir hien entscheed. Mä am Bus bemierkt en, dass et keen normalt Camp wäert sinn, d’Geschichten vun den anere Besicher sinn grujeleg. Et ass jo just erfonnt? Oder? Am Camp ukomm bemierken se, dass et seng beschte Joeren schonn hannert sech huet, souguer d’Toilett ass besonnesch. Et geschéien onheemlech Saachen. De Lukas ass sech sécher, dass iergendeen e falscht Spill spillt. Mä wien? Hien probéiert dohannert ze kommen, ma et ass net einfach.
Dem Colin Hadler säi Schreifstil ass erfrëschend an eenzegaarteg, op seng Afäll muss e kommen. Hei weist sech nees, dass all Charakter säi Pak ze droen huet, si entwéckele sech a fannen hier Plaz. Philosophesch a sarkastesch Zwëschentéin huet d’Buch, et ass e Genoss.
Den Autor probéiert der Jugend vun haut e puer Wäerter matzeginn, ob dat eppes bréngt? Mol kucken …
Här Hadler, ech hätt gären nach esou e Buch!

Kategorien:keiper

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s