Firwat gëtt oder ass e Kand béis?
D’Autorin geet dëser Fro op de Grond, mir geheien e Bléck an däischter Kannerséilen.
D’Buch ass interessant well d’Thematik Problemkanner sinn, et gouf och iwwerzeegend eriwwerbruecht. D’Protagonistin Julia däerf bei der Hochzäit vu senger Cousine dobäi sinn. Hatt ass iwwerglécklech, ma e Bébé fält onerklärlecherweis aus der Poussette a stierft. Hatt ass ontréischtlech a fillt sech schëlleg.
Joeren dono schafft hatt als Kannerpsychologin, hatt ass spezialiséiert op Verhalensstéierungen. Seng Clienten léien, klauen, tyranniséieren a sinn aggressiv.
Si hunn Geheimnisser an d’Julia wëll hinnen hëllefen. Geléngt him dat?Schued, dass d’Charakteren duerch hier Problemer net ganz sympathesch waren.
Och de Schreifstil vun der Autorin wierkt distanzéiert, et kommen keng Emotiounen eriwwer, leider hätt ech mir méi dervun erwaart. Mä villäicht huet d’Autorin dat express gemaach fir net ze triggeren, wien weess!
Et ginn zwou Erzielperspektiven – dem Julia seng Aarbecht a seng Vergaangenheet, déi opgeschafft gëtt. En interessanten Abléck a Kannerpsychen – hoffe mer alt, dass se fréi genuch gehollef kréien.
Kategorien:Arche