D’Ivy ass zéng Joer, ewéi seng Mamm, eng bekannten Dichterin spuerlos verschwënnt. Hatt a säi Papp bleiwen mat Froen zeréck. Ass se wéinst him fortgaangen?
D’Ivy fënnt Trouscht, andeems hatt verluerene Saachen eng Geschicht schenkt.
Dräizéng Joer méi spéit huet d’Ivy aus deem ongewéinlechen Hobby e Beruff gemaach. A mam Jack huet hatt d’Léift fonnt. Och säi Papp wëll d’Mamm endlech fir doudeg erkläere loossen a sech erëm bestueden. Also begëtt d’Ivy sech op déi wichtegst Sich a sengem Liewen – d’Sich no senger Mamm.
Wien weess, villäicht fënnt hatt sech och selwer …
D’Famill vun der Mamm ass erfreet hatt kennenzeléieren, mä Äntwerten hunn se och keng. Der Mamm hiert Liewen ass e Puzzle, hatt muss Stéck fir Stéck asammelen.
D’Geschicht beréiert a weist wéi Feeler e Mënsch zerstéiere kënnen. Kann d’Ivy säi Liewen elo an de Grapp huelen an an der Géigewaart liewen? Ass hatt virwëtzeg genuch?
Et ass e melancholescht Buch voller Hoffnung a Léift.
Kategorien:HarperCollins