An dësem Roman ginn et zwee Haaptcharakteren; d’Nova an d’Kate.
D’Nova ass vu Gebuert u blann, elo kritt hatt endlech d’Chance duerch eng Operatioun ze gesinn. Hatt hëlt déi Erausfuerderung un a stellt séier fest, dass Kucken vill Aarbecht ass. An ustrengend. Dofir mussen Reegelen hier. Hatt léiert ënnert anerem a Form vu Kaarten d’Faarwen.
D’Kate stellt fest, dass säi Mann eng gewalttäteg Säit huet, hatt gëtt séilesch a kierperlech blesséiert. Déi zwou Fraen begéinen sech am Spidol – an dann geet d’Geschicht un.
Ech hunn keng Anung a wéieng Kategorie ech d’Buch stiechen soll, et ass e bëssen Thriller, Léift an Drama. Et ginn vill Dialoger, dat gefält mir ëmmer ganz gutt!
Mir geheien e Bléck an d’Gefillswelt vun de Protagonisten. D’Nova kritt ze wéineg Opmierksamkeet an d’Kate vill ze vill. Leider! Ech hu mech gefrot, firwat den zwou Fraen keng therapeutesch Ënnerstëtzung ugebueden ginn ass – dat wär dach richteg gewiescht, oder mengen ech dat just? Kann d’Kate sech vu sengem Mann léisen? Duerch dem Nora seng Frëndschaft, léiert hatt wat Léift tatsächlech bedeit!
Dat Ganzt geet Méint esou, et ass flott där Charakterentwécklung vun de Fraen nozekucken. Et ass op jidde Fall keen einfacht Buch fir zwëschenduerch!
Kategorien:HarperCollins