Dressler

Annies Welt

Wann ee sech d’Buchcover ukuckt, denkt een, dass eng freedeg Geschicht op e waart, ma et ass awer eng Tragedie. Authentesch.
Realistesch!

D’Annie huet zéng Joer an ass dat jéngst vun néng Gesëschter. Do ass et schwiereg emol e bëssen Opmierksamkeet ze kréien. Déi Grouss piesacken hatt gär, well d’Annie kleng ass. Mä dat mécht him näischt aus, fir hatt ass et normal. A wann et schlëmm gëtt, dann zielt hatt – dat berouegt. Bei hinnen doheem ass näischt normal; Gewalt steet un der Dagesuerdnung. D’Famill ass aarm an huet Schwieregkeeten iwwert d’Ronnen ze kommen. Wou kënne si Hëllef ufroen?

Interessant ass, dass d’Geschicht sech am Joer 1985 ofspillt.
Fir e Kannerbuch ass de Contenu zimmlech hefteg, fannen ech. Wat dem Annie d’Liewen nach méi erschwéiert ass seng Legasthenie. Hatt huet mat munche Saachen Problemer, vun der Famill ass keng Hëllef ze erwaarden. De Papp huet dräi Aarbechten an ass seelen doheem. D’Mamm ass iwwerfuerdert. Meeschteren se d’Erausfuerderungen? An dann déi Konkurrenz tëscht den Gesëschter, eent kënnt ëmmer ze kuerz.
Mir huet d’Häerz geblutt, ech war schockéiert!
D’Buch reegt definitiv zum Nodenken un …

D’Nowuert huet mech depriméiert, d’Autorin huet wuel vill autobiografesches afléisse gelooss.
Respekt!

Kategorien:Dressler

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s