Coppenrath

Fanatisch

Sechs Meedercher verschwannen. An no sechs Deeg sinn se erëm doheem. Si hunn all déi selwescht Kleeder un a schwätze kee Wuert. Eng Wonn un der Hand gouf gebitzt, di goufe gutt versuergt. Ewéi et ausgesäit sinn se Fanatiker (eng Sekte) an d’Hänn gefall, ma wat hunn se wëlles? D’Nara war och eng vun de Geiselen an däerf net schwätzen, hatt gouf bedreet. Hält hatt sech net un d’Ofmaachung muss säi klenge Brudder dru gleewen. Et kéinte schlëmm Saachen passéieren …
Wéi een Deel spillt hatt an hierem grousse Plang? Kann hatt d’Ongléck verhënneren? Leider muss d’Nara dofir denken ewéi de Béisen. Hält hatt dat aus? Et ass en Albdram.
D’Spannung ass vun Ufank uns do, Zeitungsartikelen ergänzen d’Geschicht. Dem Nara seng Zäit a Gefaangenschaft gëtt zimmlech bildlech a brutal beschriwwen, hatt huet mir Leed gedoen. Iergendwann duecht ech, ech géif wëssen wéi d’Buch ausgeet, ech hu mech awer geiert!
Och dës Thematik ass (leider) topaktuell!
Duerch dem Nara seng Perspektiv spiert een seng Angscht, Péng an Hoffnung ganz gutt. D’Lieser kënne vill spekuléieren! Wéi eng Motivatioun huet den Täter? Et ass iwwerraschend.

Zimmlech schued ass, dass een duerch de Klappentext schonn ze vill vun der Handlung gewuer gëtt …

Kategorien:Coppenrath

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s