Heyne

Die unglaubliche Flucht des Uriah Heep

Sitt gewarnt, wann Dir dëst Buch liest, kéint Dir Loscht op deen een oder anere Klassiker kréien! 😅

Ech sinn geckeg no Bicher an deenen aner Bicher virkommen, dofir ass Tintenherz e vu menge Favoritten.
Ma dëst Buch ass nach besser, fantasievoll an actiounsräich.
Den Charles, eise Protagonist huet eng aussergewéinlech Fäegkeet, hien kann Buchcharakteren an d’Liewen huelen. Cool oder? Stellt Iech mol vir, et wär de Pennywise aus dem Stephen King sengem Es. Den Charles hat nach ëmmer Gléck – bis dass e vun hinnen sech duerch d’Bascht mécht. Den Uriah Heep kënnt eigentlech aus dem Copperfield Roman vum Charles Dickens – op deen sinn ech elo och virwëtzeg! Wat huet den Uriah an dëser onbekannter Welt wëlles? Anscheinend wëll en eng nei Weltuerdnung, mä dat muss verhënnert ginn! Kréien d’Bridder d’Welt gerett?

D’Geschicht gëtt aus dem Rob senger Perspektive erzielt, hien ass dem Charles säi Brudder an huet e schonn aus sou munchem Schlamassel gerett, en ass nämlech en zimmleche Chaot. D’Bridder maachen sech op d’Sich a geroden a vill Aventuren. Si fannen eng Gaass – do hunn sech mëttlerweil Charakteren ageriicht, déi en richtegt Doheem wëllen hunn. De Lancelot, den Dorian Gray – si maachen sou munch interessant Bekanntschaft, se ginn och allkéiers kuerz erkläert. D’Charakteren sinn esou authentesch, dass ee scho bal mengt, et wär een Deel vum Buch, ech war begeeschtert! Et ass eng Welt fir sech …
Ech hunn dacks iwwert dem Charles seng Rettungsversich missen schmunzelen, hien ass en Häerz 😅

Wien Gesëschter huet, wäert sech freeën, dem Charles an dem Rob hiert Verhältnis gëtt och ënnert d’Lupp geholl, do kënnen sech der bestëmmt vill identifizéieren!

D’Autorin huet englesch Literatur studéiert, dat mierkt een och um Schreifstil, d’Wierder sinn alt mol usprochsvoll. Mech huet et inspiréiert. All ze vill kann ech net méi schreiwen, ech géing zevill spoileren an dat hëlt Iech d’Freed d’Buch selwer ze entdecken! D’Geschicht ass kreativ a stécht voller Iwweraschungen …

Loscht op eng Rees an d’Literaturwelt? ❤

Kategorien:Heyne

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s