blanvalet

Libellenschwestern

D’Buch Libellenschwestern geet engem un d’Nieren! Allze vill spoileren ech net, Dir musst Iech op dës Geschicht aloossen. Wéinst der Thematik hätt ech mir kéinten denken, dass et keng einfach Kascht ass – dofir leet Iech Nuesschnappescher prett! Dës Tragedie ass an der Realitéit wierklech geschitt, et geet ëm Amerika an den 30er a 50er Joeren. Waisenheemer spillen eng grouss Roll, wärend dem Liesen hätt een de Kanner am léifsten gehollef. Wéi konnt een dat vertuschen? Dat Heem am Buch bedreift nämlech Mënschenhandel! Eltere kréien hier Kanner vum Jugendamt ewech geholl oder einfach geklaut. Onvirstellbar! Mangelernährung an Mësshandlungen stinn un der Dagesuerdnung. Wann se net gefollegt hunn, goufen et brutal Strofen. D’Politiker wossten dervun an hunn näischt ënnerholl. Do kéint ech baschten.
Gutt, dass et dës Zoustänn hautesdags net méi gëtt.

Duerch en Zoufall kënnt eng jonk Avekotin, d’Avery an en Altersheem, do gëtt et e Bild vu senger Boma – an hatt fänkt u mat recherchéieren. Mir begleeden hatt an eng emotionsräich Rees an d’Vergaangenheet. Wat wäert hatt do fannen?
Déi aarm Kanner an Elteren – hier Angscht an Verzweifelung ass däitlech spierbar, ech hätt am léifsten gekrasch! All déi Joeren wou se no hiere Wuerzelen gesicht hunn an net wossten wou se hingehéieren.
Hunn déi Leit, déi d’Kanner kaf hunn da keng Moral?
D’Avery war mir nawell sympathesch, hatt huet fir d’Wourecht gekämpft an nach villes iwwert sech selwer geléiert.

Et kann een d’Buch net aus der Hand leeën, bis dass e weess wéi et ausgeet. Mir léieren d’Geschicht aus der Vergaangenheet an aus der Géigewaart kennen. Interessant!

Kategorien:blanvalet

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s