Blumenbar

Meine Schwester, die Serienmörderin

Blutt ass méi déck ewéi Waasser, et geet dach näischt iwwert e staarkt Gesëschterband. Ewéi beim Ayoola an dem Korede – si sinn nawell besonnesch. Si liewen an Nigeria, do ginn Fraen dacks mëssbraucht.

D’Ayoola huet schonn dräi vu senge Frënn ëmbruecht – natierlech an Noutwier. Mä seng Schwëster weess hoergenau, dass een ab dräi Affer en Serienmäerder ass. No den Doudesfall ass hatt dofir zoustänneg
den Dreck ewech ze maachen, als Infirmière weess hatt ob wat opgepasst muss ginn. Hatt géif alles fir seng Schwëster maachen, Famill steet op der éischter Plaz! An hatt huet fir dem Ayoola seng Doten e schlëcht Gewëssen. A Réckblenden gëtt e gewuer ewéi et dozou komm ass …

D’Schwësteren hunn nawell en typesch briteschen Humor drop! En ass wonnerbar.

Allerdéngs verkomplizéiert sech dat Ganzt, déi zwou Schwësteren verléiwen sech an de selwechte Mann, ma en huet seng Rendezvousen mam Ayoola. Wat geschitt wuel, wann hatt den Interessi un him verléiert? Muss d’Korede dann hien ewech botzen? Wou hält Gesëschterléift op?
Duerch kuerz Kapitelen léisst de Roman sech séier liesen – an duerch d’Thematik wëll een onbedéngt wëssen ewéi et weider geet.
Wéi geet d’Geschicht wuel aus?
Loosst Iech iwweraschen 😅

Kategorien:Blumenbar

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s