Bertelsmann C. Verlag

Wenn alle Katzen von der Welt verschwänden

Och wann dëst Buch nëmmen 192 Säiten huet, et ass grousse Kino. Et ass philosophesch a reegt zum Nodenken un. Och ass et eng gutt Méiglechkeet sech mam Dout auserneen ze setzen, en op eng aner Manéier ze gesinn. D’Geschicht bitt Trouscht. An ass déifgrënneg. Besonnesch.
Wat ass d’Bedeitung vum Liewen? Wat ass wichteg? Materiell Saachen oder d’Liewen u sech? De Protagonist am Buch muss sech Gedanken iwwer dës Äntwert maachen. Hien ass déidlech erkrankt, a senger Verzweiwelung léisst hien sech op en Deal mam Däiwel an.
Duerch de Schreifstil ass et e Genoss d’Buch ze liesen.

Eis Haaptpersoun wëll net stierwen, fir all weideren Liewensdag léisst den Däiwel eng Saach vun der Äerd verschwannen, de Protagonist däerf se eraussichen. Den éischten Dag ass et den Telefon, d’Entscheedungen ginn all Dag méi schwéier. Natierlech ginn och d’Auswierkungen erkläert, dem Protagonist seng Gedanken hunn e beklemment Gefill a mir ausgeléist. De Roman huet e batteren Nogeschmach.
Gutt, den Humor kënnt net ze kuerz, ma uruffen kann hien keen méi! A firwat mécht den Däiwel en Deal mat him an net mat engem aneren?
Et gëtt nawell vill thematiséiert, ënnert anerem d’Problemer an der Gesellschaft. Wéi laang hält hien um Liewen fest? Hëllefen seng Erënnerungen mam Liewen ofzeschléissen?

Et kënnt net drop un wéi laang s de liefs, mä ewéi intensiv et war. Ob een d’Léift kennegeléiert huet.
A wéi geet d’Geschicht fir d’Kazen wuel aus?

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s