Wann ech gewosst hätt, dass dëst Buch esou gutt ass, dann hätt ech den éischten Deel vun där Autorin och gelies. Mä dat kann ech nach nohuelen. Garantéiert!
D’Ava féiert e glécklecht an zefriddent Liewen – zesummen mam Mann an de Kanner. Leider entwéckelt sech en Owend mat enger Frëndin zu engem Albdram, maskéiert Männer bedreeën a blesséieren hatt. Hatt kënnt am Spidol zou sech a muss gewuer ginn, dass säi Meedchen June am Koma leit.
Wien huet et ob seng Famill ofgesinn?
D’Ava mierkt séier, dass dat keen Zoufall gewiescht kann sinn! Hatt muss erausfannen, wat deen Owend tatsächlech passéiert ass. Mä wiem kann hatt vertrauen – well och säin Geheimnis muss a Sécherheet bleiwen.
D’Buch liest sech einfach, et ass een direkt an der Geschicht dran. Et war faszinéiert vun der Famill gewuer ze ginn, de Lieser kritt nämlech mat, dass jiddereen e Geheimnis huet. Wéi kommen si aus deem Chaos eraus? Ech hunn laang misse rätselen firwat et den Iwwerfall ginn ass, d’Opléisung war iwwerraschend.
Heiansdo kritt de Lieser och en Abléck an d’Vergaangenheet, dat gëtt eis e bessere Versteesdemech op d’Géigewaart. D’Buch kéint gäre verfilmt ginn!
Kategorien:Goldmann