Benevento

Die Ameisenfrau

Ameisen, ech kann se wierklech net ausstoen – am Géigesaz zu eiser Protagonistin Lena. Hatt ass Biologin an op dës kleng Déieren spezialiséiert. Enges Dages kënnt e Mann (Viktor) a säi Büro a warnt hatt virun enger grousser Verschwörung – kuerz drop gesäit hatt ewéi e Journalist virun him ëmbruecht gëtt. Ass hatt elo och eng Bedreeung? Wat huet dës Organisatioun wëlles? Säi Liewen huet sech verännert, him falen Klengegkeeten op, et schéngt eppes an der Loft ze leien. Mä wat?
Hatt recherchéiert a seng Fäegkeet Ameisen ze verstoen, hëlleft him dem Mënsch op d’Spuer ze kommen. Wat gëtt vu wiem gesteiert? Kann d’Lena alles opdecken? Wéi wäit geet d’Organisatioun fir dass alles geheim bleift? Gutt, et ass e fiktive Roman – mä kënne mir eis do sécher sinn? Besteet keen Zweiwel?
Dem Lena säi Charakter ass faszinéiert, schonn eleng seng Siichtweis vun de Mënschen an der Welt. An de Viktor? Ass en éierlech? Wie weess, mä mir war en sympathesch.
Dëst Buch ass emol en aneren Thriller – eng intelligent Biologin, keng Klischeeën an eng plausibel Handlung!

Et war mir eng Freed 🤗

Kategorien:Benevento

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s