Heyne

Ich bin Gideon

Speziell. Dat ass dat éischt Wuert, wat mir bei dësem Buch agefall ass. Et ass komesch. Geckeg. Skurril. Makaber. An erotesch.
D’Welt an där sech d’Handlung ofspillt, ass esou verwirrend, dass ech se nach ëmmer net richteg verstinn. Et ginn verschidde Planéiten, Haiser a Sekten. Et ginn sougenannten Nekromancer, si kënnen Knachen lieweg maachen a kontrolléieren, awer net all Bewunner besëtzt dës Fäegkeet. Et ass eng düster Welt! D’Protagonisten hu keng Manéieren a sinn sarkastesch, si haassen alles a jiddereen. Mä doduercher hunn ech dacks missen schmunzelen, et war genee mäin Humor. Wéi ass d’Autorin op dës Iddien komm, ech gouf dacks iwwerrascht! Et ass eng Mëschung tëscht Science-Fiction a Fantasy, eng Libesgeschicht fënnt een hei sécher net.
D’Gideon ass eis Haaptprotagonistin an huet kee Bock méi sengem Meeschter ze déngen. Also mécht hatt sech duerch d’Bascht an erlieft allerlee Aventuren.

D’Buch ass net fir jiddereen, et ka schonn zimmlech brutal ginn. Gëtt et nach en zweeten Deel? Ech hu keng Anung, mä op eng verdréite Manéier hoffen ech et. Wéi wëll d’Autorin dës Handlung nach toppen? Do huet se sech eppes virgeholl!

Kategorien:Heyne

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s