Luzifer

December Park

Dëst ass mäin éischt Buch vun dësem Auteur, ech hunn e bëssen missen un de Film Stand by me denken.
Et geet ëm eng jonk Clique, Jugendlecher déi verschwannen an e Muerd. Ausserdeem maache mir eng kleng Zäitrees, d’Handlung spillt sech am Joer 1994 of – do goufen et nach keng Handyen. Et huet e missen op déi almoudesch Manéier recherchéieren; vun Dier zu Dier. Den Täter gëtt Piper genannt, an et gëtt keng eenzeg Spuer vun him.
Kënnen d’Teenager dat änneren? Si erliewe komesch Saachen an tatsächlech beginn si sech souguer a Liewensgefor! Gëtt et nach en Affer oder hunn si méi Gléck ewéi Verstand? Op jidde Fall ginn se erwuessen, méi séier ewéi gewollt!

D’Schreifweis ass super, detailléiert an immens lieweg. Mir léieren d’Jongen richteg gutt kennen, hier Charakteren an Ängscht. D’Buch ass zimmlech déck, ma dat huet mech net gestéiert.
D’Geschicht gëtt aus dem Angelo senger Siichtweis erzielt, säi Papp ass Polizist a mat de Fäll vertraut. Fënnt hien den Täter ier d’Stëmmmung kippt? Hoffe mer alt!
Den Thriller ass voller Geheimnisser …

Kategorien:Luzifer

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s