Fischer

Der Atem einer anderen Welt

An dësem Roman erzielt d’Autorin eis, wat mat de Kanner geschitt, déi a Kleederschief aner Welten fonnt hunn. Oder ewéi et hinnen geet, wa se nees doheem sinn – se ginn nämlech fir verréckt gehalen, dobäi wëllen se einfach nees zréck. An elo?
D’Eleanor West hëlt dës besonnesch Kanner op, et ass en Internat. Si kréien schoulesch Bildung an emotional Ënnerstëtzung. Fanne si hier Perséinlechkeet erëm? Wéi wäit géif en traumatiséiert Kand goen? Do spillt d’Autorin mat enger Urangscht – vun den Elteren zeréck gewisse ginn. A wien weess, villäicht geet erëm eng Dier fir se op. Wat ass Realitéit a wat ass Abildung?
D’Buch besteet aus dräi Deeler, wann een net oppasst kéint een uerg duercherneen geroden. D’Atmosphär ass zimmlech melancholesch a skurril.
Et ass nawell komplizéiert hannert déi verschidde Welten ze kommen, ma et lount sech awer! D’Charakteren sinn schwéier ze verstoen, duerch hier Erfarungen kommen se kill eriwwer. Dat ass bestëmmt Selbstschutz.
Gutt, et ass e Fantasyroman, ma et ass och eng Libeserklärung un d’Fantasie an d’Inspiratioun. Se bréngt eis déif an aner Welten eran, et faszinéiert a schockéiert! Schued, dass d’Buch esou laang ongelies a mengem Regal loung …

Kategorien:Fischer, TOR

1 reply »

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s