De Maurice huet 84 Joer, e sëtzt an enger Hotelbar a léisst säi Liewen Revue passéieren. Et ass keng gewéinlech Nuecht, e verléiert sech a sengen Erënnerungen an erhieft d’Glas, fir op déi unzestoussen, déi him am meeschten bedeit hunn.
A sengem Liewen hat en dacks Schwieregkeeten seng Gefiller ze weisen an auszedrécken, ma an dëser Nuecht labbert den Alkohol him d’Zong. Hien erzielt vu verpasste Momenten a schlëmmen Erliefnisser, déi e fir sech behalen huet.
Et ass en traurege Roman an awer stécht voller Léift. En ass tréischtlech.
Den ale Mann war mir direkt sympathesch, ech hunn him gären nogelauschtert. Gutt, säi Liewen war elo net weltbeweegend, mä et war e Liewen. An e wäertvollt.
D’Nuecht wäert en an der Hochzäitssuite verbréngen, déi huet och eng grouss Bedeitung fir hien …
Méi wëll ech Iech net erzielen, Dir musst de Maurice selwer kenneléieren. Lauschtert him no an denkt iwwer seng Wierder no!