Benevento

Die Schlange

D’Susanne – eng Journalistin ass fäerdeg mat den Nerven, hatt huet eng posttraumatesch Belaaschtungsstéierung. Hatt huet säi Liewen net am Grëff, de Moment kritt hatt just Rechnungen – an hatt kann se net bezuelen.
Do kënnt en Neiufank (an eng Aarbecht) genee richteg. Hatt soll bei engem Wunnengskonzern kucken, wéi eng „Läichen“ si am Keller verstoppt hunn …
Oder sinn et souguer Richteger? Packt hatt dës Erausfuerderung? Spille seng Nerve mat? D’Firma ass onfrëndlech, al Haiser sollen ofgerappt ginn an d’Mieter ginn gezwongen hierer Wee ze goen. D’Susanne stécht an e gewaltegt Wespennascht ouni et matzekréien. Et geet ëm Profit. Ouni Récksiicht. Fuerchtbar, wat do alles ënnerholl gëtt!
Ass et eng gutt Iddi sech mat hinnen unzeleeën? D’Buch ass spannend, ebe grad well dës Thematik ugeschwat gëtt – se ass leider net onbekannt. Irritéiert huet mech alt mol, dass d’Susanne dacks mat sech selwer schwätzt, mä mir hunn all eis Macken.
Hatt ass méi staark ewéi e mengt a beweist dem Lieser, dass mam néidege Wëllen alles ze packen ass.
D’Geschicht gëtt aus zwou Perspektiven erzielt, eemol vum Susanne – a mir léieren den onbekannten Täter kennen.
Dëse Krimi ass spannend, detalléiert an gutt recherchéiert!

Kategorien:Benevento

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s