Coppenrath

Book of Lies

Zënter dass d’Versécherungsagentin vu mengen Elteren emol hier Zwillingen mat bei eis heem bruecht huet, sinn ech vun hinnen faszinéiert. Zumools wann se aus engem E kommen, dofir hat ech Hanni und Nanni och esou gären.

D’Zwillingen am Teri Terry sengem Buch léieren sech eréischt um Begriefnis vun der Mamm kennen – d’Piper kritt e Schock ewéi hatt seng Schwëster Quinn déi éischte Kéier gesäit. D’Gefiller ginn mat hinnen duerch, si wullen op. Firwat ass d’Quinn bei der strenger Boma opgewuess? An d’Piper konnt d’Léift vun der Mamm genéissen? Wien wollt wien viru wat schützen? Gutt, d’Mamm koum alt mol op Besuch, ma se war allkéiers reservéiert. Si huet sech onwuel gefillt. Nodeems d’Boma an d’Spidol kënnt, mécht d’Quinn sech op d’Sich no senge Wuerzelen. Mä wäert him gefalen, wat hatt fënnt?
Gëtt hatt jalous op dem Piper säi grousst Haus an de Luxus? A firwat ass d’Mamm vun Hënn ugegraff ginn? Stécht eng däischter Muecht dohannert? Leider Gottes huet mir de falschen Zwilling zimmlech leed gedoen, d’Autorin huet mech tatsächlech op déi falsch Spuer bruecht. Op jidde Fall ass et eng magesch Geschicht, de stännege Kampf tëscht Gutt a Béis. Et geet ëm Hexen, Mythen a Prophezeiungen. D’Kapitelen ginn aus der Siichtweis vun deenen zwee Gesëschter erzielt.

D’Atmosphär ass geheimnisvoll. A wann d’Gesëschter bis zu Dartmoor ukomm sinn, gëtt et och nach kill – den Niwwel an onheemlech Hënn suergen fir Héngerhaut. Kommen si hierem Familljegeheimnis op d’Spuer? A wéi ginn se domat ëm? Wien huet wien verhext? Chaos ass virprogramméiert.
De Schluss huet mir immens gefall, en huet mer gewissen, dass net ëmmer alles esou ass wéi et schéngt.

Kategorien:Coppenrath

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s