Fischer

Das Labyrinth des Fauns

D’Ofelia plënnert mat der Mamm a mat dem Stéifpapp an d’Bierger, de Papp ass gewalttäteg – just am Bësch fënnt d’Ofelia Trouscht. Hatt entdeckt e Kinnekräich voller Magie, d’Bëschwiesen stellen him eng Aufgab – wann hatt se besteet ass d’Ofelia d’Prinzessin. Wéi entscheed hatt sech?

Das Labyrinth des Fauns vum Cornelia Funke ass eigentlech e Jugendbuch. Oder? Bon, mech huet et schockéiert, ech géif urroden d’Buch ab 16+ ze liesen, et geet héich hier – Folterszenen, Muerd, Monster asw. Mä fir de Recht war et nawell interessant, ech hu mech gutt ënnerhalen. D’Buch ass méi düster a bedreelech ewéi der Autorin hier aner Bicher, ma dofir hunn ech all Wuert opgesuckelt an tëscht den Zeilen gelies. Och d’Illustratiounen weisen eis, dass mir mat kengem Libesroman ze rechnen hunn. An de Klappentext warnt net virun der Brutalitéit. Eigentlech erwaart een eng Fantasygeschicht (ass et och), ma et gëtt vill Krich tëscht Zaldoten a Widderstandskämpfer. Wien de Film Pans Labyrinth kennt, weess allerdéngs wat op en duerkënnt! 😅
Wéi kann eng Welt esou grausam an awer wonnerschéin sinn? D’Atmosphär ass bedréckt, se hannerléisst en décke Knuet am Hals.

Film a Buch sinn definitif näischt fir sensibel Mënschen!

Kategorien:Fischer, Sauerländer

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s