Arena

Sieben: Spiel ohne Regeln

De Link ass en Nerd, seng Eltere si geplënnert an elo muss en endlech an eng Schoul.
Mä dat geet no hanne lass, hien gëtt joerelaang gemobbt, jiddereen kuckt ewech. Seng Elteren sinn averstanen, dass en d’Schoul ofbrécht, allerdéngs muss e fir d’éischt de Schoulcamp iwwerstoen. Kee Problem … Oder?
Natierlech stierzt de Fliger of, ufanks freet de Link sech, e schéngt als Eenzegen iwwerlieft ze hunn, mä do iert e sech. D’Matschüler ginn séier vun him fonnt an Iwwerliewen ass ugesot, duerch dem Link säi Wëssen ass hien dem Grupp eng grouss Hëllef. Kierperlech Stäerkt bréngt net vill, Käppchen ass ugesot. Mä verännert d’Muecht en net zevill? Hien stellt d’Reegelen op, gëtt hien elo Täter? Iwwerliewen se all? Gëtt keen blesséiert? Wéi ginn d’Teenager mat der extremer Situatioun ëm?
Ech fannen et gutt, dass Mobbing thematiséiert gëtt – well e kann an déi zwou Richtunge goen.
Obwuel ech d’Geschicht verschlongen hunn, wosst ech relativ séier, wéi e Spill gespillt gëtt – menger Meenung no huet d’Autorin ze vill Hiweiser hannerloss, mä dat hëlt d’Spannung awer net, dofir verroden ech net méi vill.

D’Buch heescht Sieben, well genee esou vill Schüler am Fliger waren, all mat verschiddene Charaktereegeschaften.
De Lincoln: Den Nerd
D‘ Flora: D’Aussesäiterin
De Sebastian: D’Sportskanoun
D‘ Miranda: Dat Schéint
De Ralph: De Kriminellen
D‘ Jun Am: D’Streberin
De Gilbert: Den Dëlpes

Fréier war d’Island Disc Radio Show, dem Link (a sengen Elteren) hier Liblingssendung. Do gëtt all Woch e Promi gefrot wéi eng 8 Lidder en mat op eng Insel géif huelen. Natierlech freet de Link seng Matschüler dat och bei Geleeënheet, Musik seet vill iwwert hiere Charakter aus.

Meng Playlist:

REM: Everybody hurts
System of the down: Shop Suey
Florence an de Machine: Heavy in your arms
Queen: Radio Gaga & Bohemian Rapsody
Black Rebel Motorcycle Club: Beat the devils Tattoo
Die Ärzte: Junge
Silbermond: Das Beste

Wéi géif Är Playlist ausgesinn?

Kategorien:Arena

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s