Allgemein

Faceless

Puh, dëst Buch huet mech fäerdeg gemaach, ech hunn mir d’Nues dacks missen botzen. Et ass keng einfach Geschicht, mä se huet e ganz wichtege Message!
D’Maisie huet 16 Joer, säi Liewen verännert sech vun engem Ament op deen aneren. Mat senger Frënd Chirag wëll hatt op de Schoulbal goen, mä et kënnt leider anescht. An dat vun enger Sekonn op déi aner!
Wärenddeems hatt lafen ass, gëtt dat jonkt Meedchen vun engem Blëtz blesséiert, deen an eng Leitung ageschloen huet. Hatt huet Verbrennungen um Kierper, zemools säi Gesiicht ass betraff. Am Spidol ukomm, spiert hatt, dass eppes Schreckleches passéiert ass. De Kënn, d’Nues an e Bak feelen – wien ass hatt dann elo? Seng Mamm ass keng grouss Hëllef, hatt verléiert de Mutt. An d’Dokteren nennen de Misär Gléck! Kann him mat enger Spend gehollef ginn? Erdréit hatt et säi Liewen laang Medikamenter ze huelen? Hatt kann net méi an de Spigel kucken …
Méint verginn, et ass Zäit fir d’Schoul – wéi reagéieren d’Matschüler?
D’Autorin benotzt eng beandrockend Sprooch, si geet engem ënnert d’Haut. Fënnt d’Maisie seng Identitéit erëm? Huet hatt Ënnerstëtzung? Kann hatt sech selwer akzeptéieren? Et ass net eist Ausgesinn wou eis definéiert, mä eise Charakter. D’Buch gëtt Hoffnung a Courage, ech hunn d’Maisie gären op sengem Wee begleet.

Kategorien:Allgemein, Hanser

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s