Fischer

Das böse Herz

Dëst Buch ass dem Megan Dalton säin zweete Fall, den éischten hunn ech net gelies. Mä hei huet den Klappentext interessant geklongen.

E Meedchen, d’Abbie rennt buerféiss duerch de Bësch, säi Papp gouf ermuerd, ma hatt huet awer keng Erënnerung drun. D’Megan gëtt gewuer, dass dat jonkt Meedchen viru kuerzem eng Häerztransplantatioun hat. Seng Mamm erzielt der Ermëttlerin, dass d’Meedchen zënterdeems vill Albdreem huet. Ausserdeem weess hatt Saachen, déi eigentlech just d’Häerzspenderin ka wëssen. Ewéi ass dat méiglech? A wat huet den Dout vum Abbie sengem Papp domat ze dinn? Wéi kann d’Megan e Fall léisen, de paranormal schéngt? Oder ass alles just eng Täuschung? Geet et ëm Organhandel oder ass dat just eng vu villen Theorien?

Dëse Krimi huet mir gutt gefall, e war spannend vun der éischter bis zur leschter Säit. Mënschlech Ofgrënn sinn däitlech erkennbar a loossen engem d’Schudderen de Réck eroflafen. Ewéi esou dacks bei Krimien huet eis Ermëttlerin och mat privaten Problemer ze kämpfen …
Firwat ass dat esou? Gutt, esou gesäit e wéinstens dass se net nëmmen staark sinn, mä och hier Schwächen hunn. Mécht dat d’Megan sympathesch?

D’Final ass ewéi Aachterbunnfueren – et geet rasant bierof! An Thematik léisst de Lieser och soubal net méi lass …

Kategorien:Fischer

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s