Hanser

Eine von uns

Summer 1984:

Een Duerf an England.

D’Duerfbewunner hunn d’Gefill, dass een an hierem Haus war, dreckeg Spueren um Teppesch a Fangerofdréck ginn Hiweiser drop. Saache verschwannen. An e bemool och d’Anna, de léifste Mënsch vum Duerf. D’Bewunner hunn Angscht, si bewaffne sech. Mä géint wien kämpfen se? Wiem kënnen se vertrauen? Wien ass de Fox vun deem dacks riets ass? Ass de Béisen een deen se kennen? Souguer eng Biergerwier gëtt gegrënnt – och an engem Duerf ass een net onbedéngt sécher.

D’Geschicht gëtt aus verschiddene Perspektiven erzielt, der Autorin hier Schreifweis ass very british – also steif, mä mat Humor. Ech wollt d’Buch dacks ofbriechen, d’Virwëtz an geckeg Iddien hunn mech iwwerzeegt weiderzemaachen. An déi gouf belount. D’Bildgewalt entschiedegt eng gewësse Langweil a belount den Lieser mat engem aussergewéinleche Schluss!

Kategorien:Hanser

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s