Coppenrath

I can see you

Dëst Jugendbuch ass alt erëm zimmlech no un der Realitéit – Cybermobbing, Smartphones, Iwwerwaachung asw. Wee weess, wat eis Kanner wierklech am Netz ustellen? Dofir fannen ech, dass et och vun den Erwuessene gelies sollt ginn. Mir vergiessen nämlech dacks, dass alles wat an d’Netz kënnt och do bleift. D’Iessen gëtt fotograféiert an an d’Netz gestallt, Kleeder ginn do bestallt, Frëndschafte gesicht an d’Alexa oder de Siri erkläeren eis, alles wat mir wësse wëllen. Et ginn souguer Influencer, dei Follower kafen! Mir hunn alles am Grëff, bis dass eng onerwënschte Foto oder e Post d’Ronn mécht. Geheimnisser kommen un d’Dagesliicht, do kënnt een nawell ferme un d’zweifelen!

D’Marie ass vun deem neie Matschüler faszinéiert, e gesäit net nëmmen gutt aus, en ass och intelligent. Hien ass him zimmlech ähnlech, d’Marie vertraut him. Ob dat kee Feeler soll sinn? Wiem kann een iwwerhaapt vertrauen?

Dem Auteur seng Schreifweis ass lieweg, ech war matzen an der Geschicht dran. Spannung vu vir bis hannen – mat engem gudde Schoss Humor dran!

Ech sinn der Meenung, dass et wichteg wär, dëst Buch a Schoulen ze liesen. An dono och iwwert de Contenu ze schwätzen. Et hëlleft opzekläeren an ze verstoen.
De Schluss vum Buch ass oppen – genee ewéi eis Handlungen …
Dat kann een interpretéieren ewéi e wëll.

Kategorien:Coppenrath

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s