Gmeiner

Als Gott schlief

Sexuell Gewalt an der Kierch – et ass en Tabuthema, ech sinn frou, dass d’Autorin dat opgegraff huet! An enger Kierch soll e sech sécher a geléift fillen. D’Erzielung geet engem ënnert d’Haut, zumools well et real Geschichten sinn, déi a katholeschen Kannerheemer passéiert sinn. Et ass eng Sauerei, dass hautesdags nach alles ënnert den Dësch gekiert gëtt. Et wäert keen Enn ginn! Ech sinn selwer e Mëssbrauchsaffer, dofir konnt ech mech gutt an d’Kanner eraversetzen.

Eng Serie brutaler Doudesfäll erféiert München a Wien, d’Affer haten all mat der Kierch ze dinn. Si goufen grausam gefoltert. Firwat? D’Polizistin Jutta an hiere Partner Tom mussen ermëttelen. Wat huet d’Affer mateneen verbonnen? Et ginn Hiweiser, déi keen entschlëssele kann. An e bemol fënnt d’Julia déi richteg Spuer, eng schrecklech Wourecht! Kënnen d’Täter bestrooft ginn? Oder ginn se geschützt?

D’Buch ass zimmlech verstéiernd a brutal, et géing mech net wonneren, wann Dir dono un Ärem Gott zweiwele géift.

Kategorien:Gmeiner

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s