Polaris

42 Grad

De Summer steet virun der Dier, mat där Hëtzt passt dëst Buch ewéi d’Fauscht op d’A. Bei esou Geschichten freet e sech ëmmer – ass et eng Dystopie oder eng däischter Zukunftsvisoun? Wat passéiert wann d’Waasser knapp gëtt? Net nëmmen d’Mënschen ginn duuschtereg, och Baueren sinn op d’Waasser ugewissen. Den Atomkraaftwierker geet d’Killwaasser aus, et ass eng eenzeg Katastrof. Interessant un dëser Geschicht ass, dass se sech an Däitschland ofspillt – also praktesch virun eiser Nues. Mat der Zäit ass Europa betraff, et ginn Doudeger ze bekloen.

En Hydrologe an eng Mataarbechterin aus der EU probéieren d’Politiker ze warnen, ausserdeem sichen si d’Ursach vun der Katastrof. Gëtt et een, deen dervun profitéiert?
Zeitungsartikelen weisen dem Lieser och ewéi d’Geschicht sech entwéckelt. Wéi reagéieren d’Mënschen, zu wat dreift den Iwwerliewenswëllen se? Ass de Klimawandel Schold un der Situatioun? Oder ass et Terrorismus?

Den Thriller ass wierklech liesenswäert, den Auteur huet och gutt recherchéiert, et kënnt ganz verständlech eriwwer!

Kategorien:Polaris, rowohlt

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s