Loewe Verlag

Todesbrut

Wien ass am Fall vun enger Pandemie déi gréisste Bedreeung? De Virus oder éischter de Mënsch?
Am Klaus-Peter Wolf sengem Buch Todesbrut ginn mir där Fro op de Grond.
Den Auteur schreift esou bedréckend, dass e bal mengt, et wär een dobäi. D’Angscht an d’Panik vun de Mënschen sinn däitlech spierbar. Si reagéieren hysteresch an denken just drun sech selwer ze schützen. Dat Verhalen huet mech nawell opgereecht, doduerch gouf d’Situatioun ëmmer méi schlëmm. Et hätt missen méi besonnen gehandelt ginn. Firwat reagéieren Mënschen an extremen Situatiounen egoistesch?

De fiktive Virus am Buch ass verwandt mat der Héngergripp, en ass och op Mënsch iwwerdrobar. Villes wat een am Roman erlieft, ass hautesdags tatsächlech esou. E verbreet sech immens séier, Infizéierter stierwen well no knapp engem Dag. Et geet duer, datt een Dominosteen ëmfält – an näischt méi ass ze retten. Oder? Soll e sech géint Gripp impfe loossen? Géing dat e bëssen hëllefen?

D’Schreifweis ass esou authentesch. Krasse Kappkino! An iergendwéi och léierräich.
Duerch kuerz Kapitelen liest sech d’Buch ganz séier, d’Sprooch ass einfach gehalen. Mech huet et beandrockt.
Och wann d’Buch well zéng Joer um Bockel huet, duerch eis Covid-Situatioun ass et sou aktuell ewéi scho laang net méi.

Kategorien:Loewe Verlag

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s