HarperCollins

Cold Storage

Den David Koepp huet d’Dréibicher zu Jurassic Park geschriwwen – mat Cold Storage huet e sech un engem Roman probéiert. En ass nawell gutt gelongen, just heiansdo e bëssen an d’Längt gezunn. Ech hunn et och zimmlech onlogesch fonnt, datt een dermossen déidleche Virus an enger Lagerhal deponéiert gouf – do ass d’Katastroph dach schonn virprogramméiert.

1987
An Australien sinn d’Bewunner gestuerwen – d’Doudesursaach war e Killerpilz. D’US-Regierung séchert e klengen Deel dovunner, e muss studéiert ginn. Mä beemol gëtt e vergiess …

Iwwert 30 Joer drop lagert en an engem Selfstorage-Lager – et gëtt keng grouss Sécherheet.
Den Teacake an d’Naomi schaffen an der Nuetsschicht, et ass langweileg – esou wéi ëmmer. Bis datt si e Piepsen héieren an deem op de Grond ginn. Sie fannen e verstopptene Stack – d’Grauen geet un. Op wat hunn si sech do agelooss? Et war faszinéiert ze liesen wéi de Pilz sech verbreet huet. A wéi eng Auswierkungen en op de Mënsch huet.
Heiansdo hunn eis Protagonisten ouni Punkt a Komma ugefaangen mat schwätzen, dat huet mech esou gestéiert, dass ech d’Zeilen iwwerflunn hunn. Mä wahrscheinlech wollten se just hir Nervositéit an de Grëff kréien. Hëllef vun der Regierung kréien si natierlech och – mä ass gutt gemengt och gutt gemaach?
Kann d’Mënschheet nach gerett ginn?

Eng Verfilmung géif bestëmmt besser ëmgesat ginn!

Kategorien:HarperCollins

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s