Goldmann

Das Buch der Spiegel

De Peter Katz ass e Literaturagent, hien kritt ee Manuskript zougeschéckt. Den Auteur ass den Richard Flynn, d’Geschicht ass d’Ermuerdung vum Professor Joseph Wieders, e bekanntent Gesiicht an der amerikanescher Psychologie. D’Erzielung brécht leider no der Ermuerdung of, den Peter Katz krut keen zweeten Deel geschéckt. Natierlech mécht e sech op d’Sich nom Flynn, ma deen ass leider u Kriibs verstuerwen. Vum zweeten Deel gëtt et keng Spuer. An elo? De Peter freet säi Frënd John Keller fir no Informatiounen ze sichen. Wat hien erausfënnt huet mam Richard ze dinn, mä et schéngt net geheier. Wat huet den Flynn mam Wieders ze dinn? Wollt e mam Manuskript säi Gewëssen erliichteren?
De Schreifstil ass detailléiert, Kappkino funktionnéiert ouni Problemer. D’Geschicht ass interessant. A mysteriéis. D’Stëmmung ass liicht bedreelech, et weess een ni, wat nach geschitt! Charakteren sinn facetteräich a guer net langweileg. All Deel vum
Buch huet eng aner Persoun als Erzieler – esou kënnt genuch Ofwiesselung an d’Geschicht.
De Schluss war allerdéngs e bëssen schued, huet den Auteur villäicht de Fuedem verluer? Et hätt nach vill méi Potenzial gehat …

Kategorien:Goldmann

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s