Heyne

Kill

Et ass eng Saach Thrilleren ze liesen an se natierlech och um Fernsee ze kucken. Ma dat Buch hei ass eppes ganz aneschter, den Auteur huet sech un engem reale Fall inspiréiert.

Et geet ëm den Thomas Bishop, mir sinn dobäi wann en gezeugt gëtt a spéider bei sengen Doten. Wéi eng Auswierkungen huet dat op seng Matmënschen, ob hier Liewensgewunnegten? Wat denkt d’Gesellschaft? Hien ass den éischte Seriemäerder deen am Mëttelpunkt steet, eréischt dono kënnt den Hannibal Lecter. Et ass erschreckend wat mir hei alles gewuer ginn!
D’Buch liest sech séier, et muss een awer bei all Säit erwaarden eng nei Schrecklechkeet ze entdecken. Wann e seng Kandheet kenneléiert, versteet een, dass een och mol zum Killer gemaach ka ginn. Dat ass hei de Fall, ech hunn dacks missen schlécken. Mat zéng Joer bréngt den Thomas seng Mamm ëm a kënnt an eng Psychiatrie. No der Entloossung geet seng gewalttäteg Rees un, en ass geckeg. Déi aarm Affer …
Den Auteur hëlt sech Zäit fir d’Figuren, hien léisst keen Detail aus.

D’Buch huet well 20 Joer um Bockel – an der True Crime Welt ass et e Klassiker, et ass och anescht opgebaut ewéi en Thriller, den dokumentareschen Touch fält engem direkt op.

D’Liesen ass wierklech derwäert, ma hoffentlech kënnt Dir dono nach roueg schlofen!

Kategorien:Heyne

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s