Ullstein Buchverlage

Draussen

Kennt Dir de Begrëff Prepper? Ech hunn en net wierklech kannt, ma am Buch gëtt erkläert wat genee dat ass. A firwat e sech op eng Katastrof virbereet. Gleeft en un Verschwörungen oder ass e just gutt organiséiert? Gutt Fro!

D’Cayenne a säi Brudder Joshua wunne mat hierem Zéipapp am Bësch. Wou sinn déi richteg Elteren? Ewéi hänkt alles zesummen? Si ginn gedrillt ëmmer opmierksam ze sinn an onnéideg Kontakter ze vermeiden. Anscheinend lauert dobaussen eng onbekannte Gefor, dofir ginn d’Gesëschter gutt trainéiert, da kënnen se sech am Eeschtfall verteidegen …
Iwwerliewen ass hieren Alldag.
Mä d’Cayenne zweiwelt u senge Wierder – bis dass hatt ugegraff gëtt. De Lieser huet vun Ufank un vill Froen, se ginn awer all mat der Zäit beäntwert. Een Deel vun der Handlung spillt sech an der Vergaangenheet of, de Puzzle setzt sech mat der Zäit zesummen. Mä ass dem Stephen ze trauen?
Am Buch geet et ëm villes – Katastrophen, Mënschen un der Muecht, asw.

Wien vill Thrilleren liest, weess warscheinlech wien sech hannert der kursiver Schrëft verstoppt. Fir mech war et direkt kloer!

Kennt Dir de Film Hanna? Op Amazon Prime leeft och eng Serie, wärend dem Liesen hunn ech dacks missen drun denken.

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s