Loewe Verlag

Saeculum

Ech sinn e grousse Fan vum Ursula Poznanski senge Bicher, mä mat dëser Geschicht sinn ech leider net waarm ginn. Villäicht läit dat dorunner, dass d’Mëtteralter, Conventions an Rollespiller hier Plaz am Buch hunn. Dat ass net meng Welt, mäi Kappkino huet net bei de Rescht vum Text gepasst, ech war drop an derwidder d’Buch einfach ofzebriechen, ma dat maachen ech seelen.

E Grupp vu Frënn soll fënnef Deeg am déifste Bësch iwwerliewen – ouni modern Technik oder Luxus aus der Welt. Dat gëtt eng Erausfuerderung! An da kënnt nach eraus, dass de Bësch verflucht soll sinn, lues awer sécher dréien se duerch. Kënnt iwwerhaapt nach e lieweg aus dem Bësch? D’Vernonft mécht sech duerch d’Bascht, Angscht iwwerhëlt. Wat ass deemools wierklech geschitt?
Och wann et e Jugendbuch ass, ech hu fonnt, dass et stelleweis ze vill grujeleg war! Psychologie a seng Effekter spillen eng grouss Roll an der Geschicht, et ass eng grouss Muecht, wann ee weess wéi e sech uleeeën soll.

Ech leeën d’Buch ganz déif a mäi Regal an hoffen, dass dat nächst mech erëm méi begeeschtere kann!

Kategorien:Loewe Verlag

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s