Heyne

Fahrenheit 451

Dës Dystopie handelt vun enger Gesellschaft an deem d’Pompjeesmänner eng ongewéinlech Aufgab hunn – aplaz Feier ze läschen, verbrennen si Bicher. Fir d’Mënschen sinn se nämlech geféierlech. Sech Wëssen uléieren ass verbueden. Den Guy Montag mécht seng Aarbecht ouni se ze hannerfroen, och d’Bierger sinn duerch de Fernsee an de Radio stomp ginn, et interesséiert keen. An da léiert de Guy dat jonkt Clarisse kennen, hatt stellt him gescheite Froen a mécht him eng Dier an eng aner Welt op. Seng Fra probéiert sech d’Liewen ze huelen an d’Clarisse verschwënnt. Wat stécht dohannert?
De Guy fänkt un sech Froen ze stellen – ass de System an deem e lieft wierklech richteg? Oder ginn se just kontrolléiert?

Dëst Buch ass e Klassiker, den Ray Bradbury huet et well an Joer 1953 geschriwwen. Jo, Wëssen ass Muecht!
Villes erkennt een souguer an eiser Gesellschaft erëm. D’Meenung däerf net ënnerdréckt ginn, mir solle virwëtzeg sinn an eis weiderbilden.
Schlëmm ass d’Buch ze liesen mat deem Wëssen wéivill Butticker zoumaache mussen. Wéi gesäit eis Zukunft aus? Hoffentlech kréien mir eis fräi Gedanken ni verbueden!

Kategorien:Heyne

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s