Gulliver

Was wir dachten, was wir taten

An dësem Buch geet et ëm een Amoklaf an enger Schoul – op där enger Säit fannen ech, dass et a Schoule gelies soll ginn, ma ech fäerten awer och, dass sensibel Jugendlecher op falsch Iddien kënne kommen.

Eng maskéiert Persoun stiermt an de Klassesall an hëlt d’Schüler als Geisel. Mat senger Pistoul diktéiert hien de verängstegten Kanner Aufgaben, déi vun de Schüler an de Proffen erfëllt musse ginn. Et ginn nawell vill Geheimnisser opgedeckt, déi alles veränneren. Ass dat säin Motiv? Déifstahl, Arroganz, Bedruch a Ligen – d’Schüler fille sech onwuel. Verletzlech. Erfëllen si d’Aufgaben oder riskéieren si den Dout?
Den Herr Filler, e Proff fillt sech hëlleflos a gläichzäiteg aggressiv. Jiddereen geet anescht mat senge Gefiller ëm. Fanne si eraus, wien den Amokleefer ass? Well da gëtt et keen Zeréck méi …

D’Buch huet just 180 Säiten, ma déi sinn et derwäert. 143 Minutten voller Angscht. Ech war geschockt a konnt dacks net gleewen, wat ech do gelies hunn – esou geet et Iech bestëmmt och. D’Geschicht gëtt ofwiesselnd aus der Gedankewelt vun de Schüler erzielt, esou kann een besser op hier Ängscht agoen. An d’Gedanken verstoen. Se kenneléieren.
Liest d’Buch a maacht Iech selwer e Bild vun der Situatioun.

Kategorien:Gulliver

Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Google Foto

Du kommentierst mit Deinem Google-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s