Der dunkle Garten

Den Toby gëtt vun Abriecher a senger Wunneng zesumme geschloen, et huet en schwéier erwëscht. Enges Dages kritt en een Uruff - säi Monni ass gesondheetlech net ganz op der Héicht a kéint e bëssen Hëllef a sengem Doheem brauchen. Den Tumor a sengem Kapp mécht him ze schaafen. Dëst Haus gouf vun de Jugendlecher … Der dunkle Garten weiterlesen

Dumplin‘

An dësem herrlechen Jugendroman léiere mir d'Willowdean kennen, vu senger Mamm gëtt hatt Dumplin genannt. Hatt ass déck an huet duerch säi Gewiicht Mannerwäertegkeetskomplexer. Doduerch dass seng Mamm Schéinheetskinnegin war, gëtt dat Ganzt nach verstäerkt. Hatt ass trotzdeem ee staarke Charakter, hatt steet zu senge Frënn a setzt sech fir se an. Et ass nees … Dumplin‘ weiterlesen

Outback

Mir gefalen Bicher déi sech am australeschen Outback ofspillen. D'Hëtzt, Dréchenheet, Bëschfeieren an op Waasser hoffen - dat gëtt den Thrilleren nach eng zousätzlech Portioun Drama. Et ass eng hëtzeg Atmosphär, all Dag ass e Kampf ëm d'Iwwerliewen! D'Gemidder sinn onberechenbar, et kann alles geschéien. Mir begleeden de Journalist Martin op Rivers End, hie wëll … Outback weiterlesen

Dry

Ass Waasser Luxus? Mir sti moies op, botzen d'Zänn, huelen eng Dusch a mir maachen eis de Kaffi. Mir wäschen eis e puermol den Dag d'Hänn. Mir kachen Nudelen. Mir wäschen eis Autoen. Et ass selbstverständlech. Oder? No dësem Buch gesinn ech mäi Krunn mat aneren Aen - mat méi Respekt. D'Handlung spillt sech a … Dry weiterlesen

Borderland

Borderland huet mech iwwerzeegt - Buchcover, Klappentext an d'Geschicht tëscht den Deckelen, et war vu vir bis hannen perfekt! De Vincent ass op sech gestallt, säi Papp ass gestuerwen, d'Mamm huet Depressiounen a kënnt an d'Spidol. Hie muss no sech kucken, a gläichzeiteg Uschloss an enger neier Schoul fannen. Et ass schwiereg - Musek hëlleft … Borderland weiterlesen