Emily Eternal

D'Mënschheet ass um Enn, d'Sonn wäert a puer Méint vergléien. Fir eng Léisung ze fannen, gouf eng kënstlech Intelligenz, d'Emily entwéckelt. Hatt ass esou mënschlech, dass hatt alles géing maachen fir d'Mënschen ze retten. Mä geléngt him dat? Et war e bëssen komesch d'Emily mat all senge Gefiller kennenzeléieren. D'Geschicht war mol eppes aneschter, d'Fro … Emily Eternal weiterlesen

Die unglaubliche Flucht des Uriah Heep

Sitt gewarnt, wann Dir dëst Buch liest, kéint Dir Loscht op deen een oder anere Klassiker kréien! 😅 Ech sinn geckeg no Bicher an deenen aner Bicher virkommen, dofir ass Tintenherz e vu menge Favoritten. Ma dëst Buch ass nach besser, fantasievoll an actiounsräich. Den Charles, eise Protagonist huet eng aussergewéinlech Fäegkeet, hien kann Buchcharakteren … Die unglaubliche Flucht des Uriah Heep weiterlesen

Leben

D'Buch Leben vum Uwe Laub stëmmt nodenklech - zemools an dëser Coronazäit. Gutt am Buch geet et ëm kee déidleche Virus, den Auteur stellt eis e schlëmmert Zenario vir. Warscheinlech kritt d'Buch grad wéinst eiser Pandemie esou vill Opmierksamkeet, mir sinn e bësse méi sensibel ginn, wat eise Planéit ubelaangt. Mä geet dat duer? Schonn … Leben weiterlesen

Die Jägerin

D'Lori ass eng interessant Protagonistin - beruflech schafft hatt als 'Kopfgeldjäger', hatt ass awer och alengerzéiend Mamm. Säi Meedchen Dakota huet Leukämie, et ass schwiereg d'Geldproblemer an de Grëff ze kréien. Een Optrag soll nees fir e volle Portemonne suergen, allerdéngs muss d'Lori säi Meedchen mat op den Tuer huelen. Ob dat eng gutt Idee … Die Jägerin weiterlesen

The Plus One

"Ech bake mir einfach e Mann!" Wien huet dat net scho gesot? D'Protagonistin Kelly ass kee Bäcker, mä Ingenieur, hatt baut sech een. Seng Aufgab besteet doranner Assistenzroboter z'entwéckelen - si sollen bedürftege Mënschen d'Liewen vereinfachen. Hatt ass e Workaholic duerch an duerch. Dass hatt aleng do steet, gëtt him bewosst wéi seng jéngste Schwëster … The Plus One weiterlesen

Sieh mich an

Mir all hunn Narben. Grousser, klenger an onsiichtbarer - se hunn all eng Geschicht z'erzielen. Se sinn en Deel vun eis. Eis Protagonistin Ava huet bei engem schwéieren Hausbrand seng Elteren a seng beschte Frëndin veluer, hatt huet just knapp iwwerlieft. E groussen Deel vu sengem Kierper huet Brandverletzungen. Den Heelungsprozess huet laang gedauert, hatt … Sieh mich an weiterlesen

Tranfusion

In Hamburg werden in einem Container die Leichen von jungen Mädchen gefunden - zusammen mit Teddybären eines Pharmakonzerns. Dieser Konzern hat ein Heilmittel gegen Alzheimer gefunden, doch jetzt müssen sie schlechte Kritik über sich ergehen lassen. Zu Recht? Iliana fängt an zu recherchieren, die Entdeckungen lassen einem die Haare zu Berge stehen. Es werden grauenhafte … Tranfusion weiterlesen

Der Keller

Bei verschiedenen Passagen dieses Buches musste ich schlucken, ich war nicht auf diese Thematik vorbereitet ... Es war brutal und unappetitlich. Hannah fliegt in die Toskana, nach einem Selbstmordversuch ihrer Mutter, benötigt der Vater moralische Unterstützung. Doch Hannah kommt nie an. Was ist passiert? Auf die Unterstützung von der italienischen und deutschen Polizei können die … Der Keller weiterlesen