American Dirt

Phänomenal! Dat ass dat éischt wat mir zu dësem Buch afält, et ass mir ënnert d'Haut gaangen. Et rëselt wakereg. D'Lydia, eis Protagonistin huet alles verluer. Hatt huet keen Bicherbuttek a keen Mann méi, se sinn all fort. Vun engem Drogenkartell ermuerd, et war e Massaker. Just säin Jong ass him bliwwen. Si hunn iwwerlieft … American Dirt weiterlesen

Der Trip

Ech hu mäi Meedchen eemol kuerz an der Belle-Etoile verluer - et war schrecklech, och wann et just e puer Minutte waren. D'Mamm an dësem Buch erlieft den Horror, d'Meedchen ass an Thailand verschwonnen. D'Police gëtt ageschalt an och d'Reporterin Kate probéiert esou gutt et geet ze hëllefen. Leider gëtt d'Alex (a seng Frëndin) doudeg … Der Trip weiterlesen

Resistent

Mir huelen vill ze dacks Antibiotika, et gëtt virdrun gewarnt ... Iergendwann verléieren se hier Wierkung. An dann? Et wär eng Katastroph! Dëse Roman beschäftegt sech e bëssen mat den Auswierkungen. 1945 De klengen Tsan ass mat senger Mamm an de Gesëschter op der Spillplaz - eng Atombomm explodéiert, hien ass deen eenzegen wou iwwerlieft … Resistent weiterlesen

Kissing Lessons

Vun Kissing Lessons gouf vill geschwat, ech hunn d'Geschicht allerdéngs enttäuschend fonnt. Eis Protagonistin huet Asperger, doduerch huet hatt Problemer mat soziale Kontakter. Reegelen mussen agehalen ginn, hatt huet fir alles e Plang an analyséiert gär. D'Mamm wënscht sech Enkelkanner - also muss hatt sech en uerdentleche Mann sichen. A mat deem muss fir d'éischt … Kissing Lessons weiterlesen

Slade House

Am Ufank hat ech e bëssen Krämpes ze verstoen, ëm wat et an dësem klengen Horrorbuch geet, mä no all Kapitel ass et méi kloer ginn - ech konnt net méi genuch vun dëser Geschicht kréien. Et ass geheimnisvoll. D'Buch besteet aus fënnef Deeler, an all Kapitel kënnt opmannst e Mënsch am Slade House ëm … Slade House weiterlesen

Opfer

E Mann gëtt doudeg opfonnt, e gouf grausam mësshandelt a gefoltert. Vum Täter feelt all Spuer - e Motiv schéngt et och net ze ginn. Fir e kueŕze Moment lieft deen Aarmen nach ... Onvirstellbar! Nodeems nach en Affer fonnt gëtt, fënnt d'Polizei eraus, dass de Mäerder op Selbstjustiz aus ass. Mobbing schéngt den Ausléiser … Opfer weiterlesen

Die Mutter

Die Mutter ass e psychologesch raffinéierten Thriller ... E Grupp vu Mammen trëfft sech regelméisseg, si schwätzen iwwert hir Puppelcher, iwwert Männer, iwwert hir Suergen an Ängscht. Eben déi typesch Problemer - se fillen sech dacks aleng. Enges Dages beschléissen se, d'Kanner beim Mann oder beim Babysitter ze loossen a mol eng Kéier erëm op … Die Mutter weiterlesen

The Dry

The Dry vum Jane Harper heescht mëttlerweil Hitze an huet en anere Buchcover. Ech sinn drop opmierksam ginn, well ech mir dem Neal Shusterman säin Dry bestelle wollt - ech hat bal dat falscht Buch erwëscht. De Klappentext huet mech virwëtzeg gemaach - ech hunn et gelies. Et ass eigentlech kee richtegen Thriller oder Krimi, … The Dry weiterlesen