Shop

Ech hunn Iech e klengen Bichergeck-Shop zesummegestallt, ech hoffen e gefält Iech!
Et stinn ënnerschiddlechst Saachen zur Auswahl; an alles huet mat Bicher, mam Bichergeck oder mat mengen Zitater ze dinn. Et misst fir jiddereen eppes dobäi sinn. Hoffen ech mol! Wann Dir nach Froen hutt, schreift mech roueg un, meng Emailadress steet ënnen! Feelt soss nach eppes an der Lëscht? Hutt Dir eng Iddi – da loosst et mech wëssen.

Bezuelinformatiounen stinn weider ënnen 😀

Ech freeë mech op Är Bestellungen!
Léif Gréiss a bis geschwënn,
Jessica

Hei geet et zum Spreadshirt-Shop


Wann Dir dëse Link uklickt, kommt Dir bei d’Second-Hand Bicher, se goufen gutt behandelt, eemol gelies, de Réck ass net gebrach a se hunn keng Ieselsoueren. D’Lëscht gëtt reegelméisseg aktualiséiert!
D’Bicher passen an eng frankéiert Enveloppe vun 4€, dat Ganzt géif dann zesummen 11€ kaschten. Wann Dir der méi wëllt, muss eng Këscht geholl ginn. Soubal Interessi un engem Buch besteet, schreiwen ech „reservéiert“ dobäi!

Bei enger riiseger Bestellung ass natierlech Ofhuelung méiglech 😉


Hei sinn meng Bicher

EBook Karma 2,99
Täschebuch Karma 5,99
(signéiert Exemplarer sinn iwwert mech méiglech)

 


D’Buch Lieweg 13,50€

COUV LIEWEG br

(D’Buch kann natierlech och bei den Editions Schortgen bestallt ginn.)


A lo komme mir zu den Gadgeten

Lieszeechen 0,90€

zeigen.png


Kritt Dir gäre Post? An dëser digitaler Zäit ass se rar ginn, ma Dir kënnt aneren eng Freed maachen. Verschéckt eng Kaart oder hänkt Iech se un de Frigo 😀

Postkaart mat Envelopp A5
5 Stéck fir 3€ (+2 Euro Versand)

 

 


Postkaartmagnéit A2,20€ (+2 Euro Versand)


Mousepad 9€
(235 x 195 mm)


Notizblock 7,50€

20200516_124301.jpg

Gréisst 107 x 139 mm, 50 Blieder pro Block


Bic 3,60€

20200516_124413.jpg


En Dierhänger 1,70€

20200515_232753.jpg


D’Wellness-Këscht gëtt mat der Yellow Box vun der Post gefëllt – doranner wäert Dir e Buch mat haardem Deckel fannen(de Genre kënne mir via Mail ausmaachen). Ausserdeem ass nach all méigleches fir ze entspanen dran – fir erhuelsam Lieststonnen. Loosst Iech iwwerraschen! 🥰

Blind-Date mat engem Buch
*och d’Optioun Kannerbuch ass méigelech

Hutt Dir villäicht Loscht op e Blind-Date? Wie weess, esou léiert Dir villäicht Bicher kennen, déi Dir soss net bekuckt hätt! Och dës Këscht ass eng Yellow Box vun der Post a kascht mam Versand zesummen 28€

b2a41eca642b5b62cb397d240c3a63ad
(Ewéi ëmmer ass net nëmmen e Buch dobäi – hei verbënnt eis d’Thema Léift) – also wat d’Gadgets ubelaangt!
Zesumme mam Versand kascht se 28€


Trilogie-Këscht

Et ass méiglech eng Trilogie-Këscht ze bestellen, d’Bicher ginn och an eng Yellow Box vun der Post gepak. De Präis ass 28€, Versand ewéi ëmmer inclus.


Meng Bezuelmethoden

– PayPal, Digicash, Iwwerweisung

– Géint Virkees:
Merci fir Är Bestellung!
Wannechgelift iwwerweist den opstoenden Betrag innerhalb vun e puer Deeg per Virement oder Paypal op een vun den ënnen affichéierte Konten. Merci.

– Bankiwwerweisung:
Jessica Mersch
LU36 0019 1255 3784 6000
BIC: BCEELULL

– Paypal: carnieljess@gmail.com

– Digicash: 691214046

Schéckt mir sécherheetshallwer nach Är Adress an déi genee Bestellung op bichergeck@gmail.com

Och wa Froe bestinn, zéckt net, mir fannen bestëmmt eng Léisung!


Iwwert de Versand

De Präis vum Versand hänkt natierlech vun Ärer Bestellung an dem Gewiicht of. Wëllt Dir Äre Pak verséchert geschéckt kréien? Alles ass méiglech!

Gepolstert Ready2Post Eneloppen kaschten:

162×229 mm 500 g
4€

250×335 500g
4,50€


Karton

225×145×27mm 2kg
5,50€

340×210×30mm 2 kg
6€


Et besteet d’Méiglechkeet d’Funktioun Follow me unzewenden, se kascht 2€ a kann fir alles bis 2 kg geholl ginn. De Pak recommandéiert iwwert 2 kg wären 5€, Dir decidéiert ewéi ech et verschécke soll!


D’Këschten

Grey Box
2,50€ Versand 4,80€ max 2 kg

Yellow Box
3,00€ Versand 4,80€ max 2 kg

Blue Box
3,50€ Versand 4,80€ 2 kg oder 7,20€ 10 kg

Green Box
4€ Versand 7,20€ max 10 kg

Mir fannen schonn déi richteg Versandméiglechkeet fir Iech!

😀


Autorisation Ministérielle: 10093718/0
TVA: LU30504744